Match amical: Walferdange - Mertzig

mar, 15 sept. 2026, 17:45
Adversaire - FC Sporting Mertzig
17:45 - 20:00 mardi 15. sept.
7
:
3
Match amical: Walferdange - Mertzig

Mir sinn net gutt an de Match komm an hunn schonn no 2 Minutten den 1:0 kasséiert. Bei enger Flank vu lénks ware mir nach net richteg waakreg an de Stiermer vu Walfer konnt per Kapp markéieren.

An der 1. Halschent war eist Spill ze hektesch. Mir hunn ze dacks probéiert, direkt mat laange Bäll an d'Déift ze spillen, amplaz de Ball roueg zirkuléieren ze loossen an déi einfach Léisung ze sichen. Trotzdeem hu mir eis eng Rei gutt Chancen erausgespillt, sinn awer ëmmer nees um gudde Walfer GK gescheitert. Eréischt an der 44. Minutt konnt de Luca den 1:1 markéieren.

Paus: 1:1. Geméiss dem Chancenplus war kloer, datt de Match nach ze dréine war, mee mir hunn eis bis dohinner ze wéineg un eise Matchplang gehalen.

Fir déi 2. Halschent goufen e puer Positiounen nei besat: Jo fir Sam M. an d'IV, Sam W. op RV, Jonah fir Bruno op d'6, Yan fir Samuel, Damiano fir Luca a Rodrigo fir Malik.

Direkt nom Wiessel war eng Verbesserung ze gesinn. Mir hunn de Ball méi séier a méi einfach kombinéiert. An der 46. Minutt huet de Jonah e gudde Ball op de Yan gespillt, deen zum 1:2 getraff huet.

Walfer konnt an der 52. Minutt op 2:2 ausgläichen. Hei huet eis defensiv Organisatioun a Kommunikatioun gefeelt, sou datt de Stiermer et ze einfach hat. Nëmmen zwou Minutte méi spéit huet den Damiano no Virlag vum Rodrigo den 2:3 markéiert. An der 58. Minutt hu mir duerch en neie Feeler an der Verdeedegung den 3:3 kasséiert.

Duerno hu mir de Match ëmmer méi ënner Kontroll kritt. An der 66. Minutt huet den Damiano no engem gudde Pass vum Yan den 3:4 geschoss. Walfer huet duerno kierperlech nogelooss an d'Raim goufe méi grouss.

An der 70. Minutt huet de Simão e Fräistouss vu lénks geféierlech op de Goal bruecht an de Jonah huet zum 3:5 verlängert. An der 81. Minutt huet de Samuel mat engem Distanzschoss den 3:6 markéiert, éier de Malik an der 88. Minutt den 3:7-Endstand hiergestallt huet.

Fazit

D'Resultat ass an der Héicht verdéngt, d'Leeschtung war awer net iwwer de ganze Match esou, wéi mir eis dat virgestallt haten.

Virun allem an der 1. Halschent hu mir eis net genuch un eise Matchplang gehalen: ze hektesch, ze vill forcéiert Bäll an d'Déift an ze wéineg kontrolléiert Ballbesëtzphasen. Dobäi hu mir vill Chancen erausgespillt, awer ze wéineg dovunner genotzt.

Déi 2. Halschent war offensiv däitlech besser: méi einfach Kombinatiounen, méi Bewegung an e bessert Ausnotze vun de fräie Raim. Déi dräi Géigengoaler weisen awer och, datt mir an der defensiver Organisatioun a virun allem an der Kommunikatioun nach méi konsequent musse sinn.

Positiv ass, datt d'Equipe nom schwieregen Ufank an no zwee Ausgläicher net nervös ginn ass, de Match ëmmer nees an hir Richtung gezunn huet an um Enn kloer gewonnen huet.

🎯 Haaptléierpunkt Richtung Bissen:
Eise Matchplang respektéieren. Net all Ball muss direkt an d'Déift – Gedold mam Ball, déi einfach Léisung erkennen an am richtege Moment Tempo maachen.

Mi-temps
1-0
But
Goal_1
2'
44'
Goal_1
Luca MICUCCI 1-1
But
Mi-temps
46'
Goal_1
Yan DA COSTA SOUSA 1-2
But
Jonah SCHEUER
2-2
But
Goal_1
52'
54'
Goal_1
Damiano BERNARDINO 2-3
But
Rodrigo GOMES LEAL
3-3
But
Goal_1
58'
66'
Goal_1
Damiano BERNARDINO 3-4
But
Yan DA COSTA SOUSA
70'
Goal_1
Jonah SCHEUER 3-5
But
Simão LIMA FERREIRA
81'
Goal_1
Samuel MICUCCI 3-6
But
88'
Goal_1
Malik Oladyin SHITTU 3-7
But
Rodrigo GOMES LEAL
9177

Prêt à commencer ?

Découvrez sportmember ou créez un compte dès maintenant pour commencer la gestion sportive de votre club ou association. Et si besoin, contactez-nous, on sera ravis de vous aider à démarrer !
Combien ça coûte ?
Quels sont les besoins de votre club ? Abonnement Basique ou PRO ?
Prix
Aperçu des fonctions
Il n’y a pas deux clubs identiques — notre logiciel de gestion sportive s’adapte à chaque association
Aperçu des fonctions