Match amical: AS Pagny sur Moselle - Mertzig

sam, 22 août 2026, 17:30
Adversaire - FC Sporting Mertzig
17:30 - 19:30 samedi 22. août
1
:
2
Match amical: AS Pagny sur Moselle - Mertzig

Trotz der 2:1-Néierlag eng insgesamt positiv Leeschtung vun eiser Equipe. Mir haten iwwer grouss Phasen vum Match méi Ballbesëtz a konnten eis Prinzipien am B+ (1-4-3-3) an am B− (1-4-5-1) gutt ëmsetzen.

Pagny huet sech éischter defensiv orientéiert an op Konter gelauert. An der 4. Minutt si si no engem laange Ball hannert eis Defense mat hirer éischter a bal eenzeger Chance vun der 1. Hallschent 1:0 a Féierung gaangen. Mir hunn de Match weider kontrolléiert, mee am leschten Drëttel huet eis dacks déi néideg Konsequenz am Ofschloss gefeelt.

An der 2. Hallschent konnte mir eis nach méi Chancen erausspillen. No engem indirekte Fräistouss huet de Luca M. an der 58. Minutt verdéngt zum 1:1 ausgeglach. Leider hu mir dono zwou ganz gutt Goalchancen net genotzt a missten zousätzlech verletzungsbedéngt e puer Mol wiesselen.

An der 80. Minutt huet Pagny duerch eng éischter onglécklech Aktioun den 2:1 geschoss. Trotz Drock an der Schlussphas ass den Ausgläich net méi gefall.

Fazit: D'Matchprinzipie goufen insgesamt gutt ëmgesat an der Equipe kann een wéineg Virwërf maachen. Mir mussen eis Dominanz an Zukunft just méi konsequent a Goalchancen a Goaler ëmsetzen an am leschten Drëttel méi dacks den Ofschloss sichen.

Mi-temps
1-0
But
Goal_1
4'
Mi-temps
58'
Goal_1
Luca MICUCCI 1-1
But
2-1
But
Goal_1
80'
9177

Prêt à commencer ?

Découvrez sportmember ou créez un compte dès maintenant pour commencer la gestion sportive de votre club ou association. Et si besoin, contactez-nous, on sera ravis de vous aider à démarrer !
Combien ça coûte ?
Quels sont les besoins de votre club ? Abonnement Basique ou PRO ?
Prix
Aperçu des fonctions
Il n’y a pas deux clubs identiques — notre logiciel de gestion sportive s’adapte à chaque association
Aperçu des fonctions