Match amical: Mertzig - Etzella Ettelbruck
Mir sinn gutt an de Match komm an hätten an den éischten 10 Minutten eigentlech misste mat 2:0 a Féierung goen. Mir hunn eis Chancen gutt erausgespillt, konnten se awer leider net notzen.
Duerno ass Etzella besser an de Match komm an huet och déi eng oder aner gutt Méiglechkeet kritt. Mir sinn awer weider kompakt bliwwen an hunn probéiert, eis Spilliddi weider ëmzesetzen.
An der 30. Minutt si mir dunn duerch eng gutt Aktioun vum Yan a Féierung gaangen. Den Yan huet de Ball vu lénks geféierlech op den Goal geschoss an de Ball ass ënert den Hänn vum GK rangerullt. (1:0).
An der Paus hu mir e puer Ëmstellungen gemaach:
- Jo fir Brandon (IV)
- Sam fir Jo (RV)
- Yona fir Sam W. (RF)
- Mick fir Damiano (ST)
An der zweeter Hallschent hu mir Etzella ëmmer besser kontrolléiert, virun allem am Zentrum. D'Equipe stoung méi kompakt an huet och an de Dueller méi Präsenz gewisen.
An der 55. Minutt huet den Dylan mat enger staarker Eenzelaktioun de Ball op de Yona geluecht, deen zum 2:0 ofgeschloss huet.
An der 75. Minutt huet de Mick sech gutt duerchgesat an den 3:0 markéiert.
Fazit:
Eng ganz gutt Leeschtung vun eiser Equipe. Am Verglach zum leschte Weekend ware mir vill méi staark am Lafen, an den Dueller an an der Mentalitéit. Mir hunn als Equipe besser geschafft, d'Ordnung méi laang gehalen an eis verdéngt mat enger 3:0 Victoire belount. 💪⚽
Eng weider wichteg Etapp an eiser Virbereedung.