Match amical: Sporting Mertzig - Progrès Niederkorn

dim, 08 nov. 2026, 15:00
FC Sporting Mertzig - Adversaire
15:00 - 17:00 dimanche 8. nov.
6
:
3
Match amical: Sporting Mertzig - Progrès Niederkorn

Vun Ufank un hate mir de Mätch gutt am Grëff a mir konnten déi Saachen ëmsetzen, un deene mir dës Woch geschafft hunn.

Besonnesch Déif – Klatsch – Déif huet haut ganz gutt funktionéiert. Doduerch hu mir eis ëmmer nees gutt duerchgespillt a vill Goalchancen erausgespillt. D’Equipe huet selwer gemierkt, datt eis Kombinatiounen funktionéieren, an huet ëmmer méi Vertrauen an eist Spill kritt.

Trotzdem si mir duerch 3 individuell Passfeeler mat 0:3 a Réckstand geroden. Bis dohinner hat Niederkuer kaum eng richteg Chance. Positiv war, datt mir roueg bliwwen sinn, un eisem Spill festgehalen hunn an nach virun der Paus op 2:3 verkierze konnten.

An der zweeter Hallschent hu mir séier den 3:3 gemaach an eis duerno eng Chance no där anerer erausgespillt. Um Enn hu mir de Mätch verdéngt mat 6:3 gewonnen.

Eise gréisste Verbesserungspunkt bleift d’Effizienz virum Goal. Mir brauchen nach ze vill Chancen, fir eis Goaler ze maachen. Wann d’Méiglechkeet do ass, musse mir méi Vertrauen hunn an konsequent ofschléissen, amplaz nach en extra Pass ze spillen oder nach en zousätzleche Crochet ze maachen.

Fazit: Vill gutt Saachen aus der Trainingswoch am Mätch erëmgesinn, gutt Reaktioun nom 0:3 a verdéngte Sieg. Elo musse mir virum Goal nach méi kalbliddeg ginn.

Mi-temps
16'
0-1
But
20'
0-2
But
23'
0-3
But
Malik Oladyin SHITTU 1-3
But
Luca MICUCCI
28'
Yan DA COSTA SOUSA 2-3
But
32'
Mi-temps
Damiano BERNARDINO 3-3
But
Luca MICUCCI
66'
Yan DA COSTA SOUSA 4-3
But
71'
Damiano BERNARDINO 5-3
But
Malik Oladyin SHITTU
77'
Damiano BERNARDINO 6-3
But
Malik Oladyin SHITTU
89'
0

Prêt à commencer ?

Découvrez sportmember ou créez un compte dès maintenant pour commencer la gestion sportive de votre club ou association. Et si besoin, contactez-nous, on sera ravis de vous aider à démarrer !
Combien ça coûte ?
Quels sont les besoins de votre club ? Abonnement Basique ou PRO ?
Prix
Aperçu des fonctions
Il n’y a pas deux clubs identiques — notre logiciel de gestion sportive s’adapte à chaque association
Aperçu des fonctions