Coupe des Cadets: ENT. Mëllerdall - Sporting Mertzig
Mir sinn gutt an de Match komm an haten an den éischten 10 Minutten direkt zwou ganz gutt Chancen, déi mir eigentlech hätte misse notzen. Mëllerdall huet sech relativ déif positionéiert, soudatt mir méi Ballbesëtz haten an de Match gréisstendeels kontrolléiere konnten.
An der 18. Minutt huet de Yan no enger gudder Eenzelaktioun den verdéngten 0–1 geschoss. Vum Géigner koum an dëser Phase offensiv relativ wéineg.
An der 35. Minutt huet den Dylan e gudde Pass an d'Spëtzt op den Damiano gespillt. Hien huet de Ball gutt kontrolléiert an duerno mam lénkse Fouss propper zum 0–2 ofgeschloss.
Kuerz virun der Paus, an der 41. Minutt, spillt de Matias e gudde Ball an d'Déift. De Bruno hëlt de Ball a Richtung Goal mat a markéiert den 0–3.
➡️ Paus: 0–3
D'Féierung war zu dësem Zäitpunkt kloer verdéngt. Mir haten däitlech méi vum Match, wärend Mëllerdall an der éischter Hallschent nëmmen eng richteg Ofschlossméiglechkeet hat – en Distanzschoss aus ronn 30 Meter, deen iwwer de Goal gaangen ass.
Een Punkt, dee mir trotz der gudder Hallschent kënne verbesseren: Mir haten ze wéineg méi laang Ballbesëtzphasen. Mir hunn dacks direkt probéiert, séier an d'Déift ze spillen. Hei musse mir nach besser erkennen, wéini d'Déift do ass a wéini mir de Ball behalen, de Géigner beweegen an nei opbauen.
2. Hallschent
An der Paus hu mir e puer Positiounen ëmgestallt:
Brandon → IV
Matias → 6er fir Bruno
Samuel → lénks, Yan wiesselt op riets
Luca M. → ST fir Damiano
Eist Zil war, direkt no der Paus nach een oder zwee Goaler nozleeën an de Match definitiv ze entscheeden.
D'Méiglechkeete waren och do. Samuel a Luca haten allebéid ganz grouss Chancen, déi mir an Zukunft méi konsequent notze mussen. Bei hinne mierkt een awer och nach e bëssen den Trainingsréckstand.
An der 60. Minutt huet de Samuel sech mat enger gudder Eenzelaktioun am 1 géint 1 duerchgesat an de Ball propper flaach an d'Mëtt gespillt. De Yan war richteg positionéiert a markéiert den 0–4.
Duerno ass de Match e bëssen ofgeflaacht. Duerch déi verschidde Wiesselen an Ëmstellungen ass eis Positiounsuerdnung an der zweeter Hallschent net méi ganz esou kloer gewiescht wéi an der éischter. Trotzdem hu mir näischt méi zougelooss an hannen d'Null gehalen.
🎯 Fazit
0–4 Auswäertssieg – eng Ronn weider. Zil erreecht. ✅🏆
Eng gutt éischt Hallschent, an där mir de Match kontrolléiert an eis Féierung verdéngt erausgespillt hunn. Déi zweet Hallschent war duerch d'Wiesselen an déi verschidde Positiounsännerungen e bëssen manner strukturéiert, mee mir hunn de Match zu all Moment ënner Kontroll behalen.
Fir déi nächst Wochen bleiwen zwee kloer Entwécklungspunkten: Chancë méi konsequent notzen an net all Situatioun direkt an d'Déift spillen, mee méi laang Ballbesëtzphasen opbauen.
Besonnesch positiv ass, datt mir fir déi zweet Woch hannerteneen ouni Géigegol bleiwen an dobäi offensiv ëmmer nees verschidde Spiller entscheedend Aktioune setzen – dat weist, datt mir als Equipe Schrëtt no vir maachen. 💪⚽