Championnat: Una Strassen - Sporting Mertzig

dim, 27 sept. 2026, 15:00
Adversaire - FC Sporting Mertzig
15:00 - 17:00 dimanche 27. sept.
0
:
4
Championnat: Una Strassen - Sporting Mertzig

Mir sinn gutt an de Match komm an haten an den éischten 20–25 Minutten déi eng oder aner gutt Méiglechkeet. Leider hu mir eis Chancen net genotzt an eis fir déi gutt Ufanksphas net belount.

Nom Hydration Break hu mir ëmmer méi d'Kontroll iwwer eist Spill verluer. Mir waren ze hektesch, wollten ze vill forcéieren an hunn de Ball ze séier erëm hierginn. Dobäi huet Strossen eis am Opbau kaum ënner Drock gesat. An dëse Momenter musse mir léieren, méi Rou ze behalen, de Ball an de Géigner lafen ze loossen an op de richtege Moment ze waarden. An der 35. Minutt kréie mir iwwer eis riets Säit den 1:0. Mat dësem Resultat goung et an d'Paus.

An der zweeter Halschent ass et eis net gelongen, méi Kontroll an eist Spill ze kréien. Och eis defensiv Organisatioun huet net ëmmer gestëmmt. No der giel-rouder Kaart fir de Simão an der 58. Minutt hu mir iwwer 30 Minutten an Ënnerzuel misse spillen an eis defensiv nei organiséieren.

Trotzdem si mir bis an d'Schlussminutten beim 1:0 bliwwen, och duerch e puer ganz staark Parade vum Yoan. Kuerz viru Schluss hate mir souguer d'Méiglechkeet op den 1:1, déi mir leider net genotzt hunn. Quasi am Géigenzuch fält an der 90. Minutt den 2:0. Duerno war de Match entscheet an an der Nospillzäit huet Strossen nach op 3:0 an 4:0 erhéicht.

Fazit: De 4:0-Endstand ass däitlech, mee mir mussen de ganze Match analyséieren. Mir mussen eis gutt Phasen konsequenter notzen, virum Goal méi effizient ginn an an eisem Ballbesëtz méi Rou entwéckelen. Net all Situatioun muss forcéiert ginn. Wa kee Géignerdrock do ass, musse mir de Ball halen, eis nei positionéieren an de Géigner beweegen. Gläichzäiteg musse mir defensiv als Equipe besser organiséiert bleiwen an eis Disziplin behalen.

➡️ Chancen notzen – Ball halen – Rou behalen – als Equipe organiséiert bleiwen.

Mi-temps
1-0
But
Goal_1
35'
Mi-temps
51'
Yellow_card
Simão LIMA FERREIRA
Carton jaune
58'
Red_card
Simão LIMA FERREIRA
Carton rouge
64'
Yellow_card
Jo KREINS
Carton jaune
77'
Yellow_card
Damiano BERNARDINO
Carton jaune
2-0
But
Goal_1
90'
3-0
But
Goal_1
94'
4-0
But
Goal_1
95'
9177

Prêt à commencer ?

Découvrez sportmember ou créez un compte dès maintenant pour commencer la gestion sportive de votre club ou association. Et si besoin, contactez-nous, on sera ravis de vous aider à démarrer !
Combien ça coûte ?
Quels sont les besoins de votre club ? Abonnement Basique ou PRO ?
Prix
Aperçu des fonctions
Il n’y a pas deux clubs identiques — notre logiciel de gestion sportive s’adapte à chaque association
Aperçu des fonctions