Championnat: FC Mamer 32 - Sporting Mertzig
Positiv Punkten
Vun der éischter Minutt u ware mir present um Terrain an hunn de Match kontrolléiert. D'Equipe huet sech gutt beweegt an déi Prinzipien, déi mir am Training ausgeschafft hunn, probéiert ëmzesetzen.
Besonnesch positiv war eise rouege Spillopbau. Och wann Mamer am Ufank probéiert huet, eis liicht ënner Drock ze setzen, hu mir ouni Hektik gutt Léisunge fonnt a konnten hire Pressing iwwerwannen.
Offensiv ware mir dës Kéier endlech konsequent virum Gol. Mat enger 5:0-Féierung an der Paus hu mir eis gutt Leeschtung och am Resultat gewisen.
Direkt no der Paus hu mir den 6:0 geschoss. Duerch véier Wiesselen ass eise Spillrhythmus dono e bëssen ënnerbrach ginn, wouduerch Mamer eng ronn zéng Minutte laang besser Phas hat. De Match war awer zu kengem Zäitpunkt a Gefor.
An de leschten zéng Minutten hu mir nach eng Kéier offensiv nogeluecht. Besonnesch erfreulich ass och, datt mir ee Gol no engem Corner geschoss hunn.
Verbesserungspunkten
B+ – Ballbesëtz
- Méi Spillverlagerungen notzen, besonnesch wa mir Zäit a Raum hunn.
- Net onnéideg de schwéiere Pass sichen, wann eng méi einfach Léisung méiglech ass.
- Och no Wiesselen eise Spillrhythmus an eis Struktur behalen.
B− – Géint de Ball
- Mir sinn ze dacks am Mëttelblock bliwwen.
- Ech hätt mer méi Courage an e méi offensivt, héicht Pressing erwaart.
- Pressingausléiser besser erkennen an als ganz Equipe gemeinsam noréckelen.
- Méi Ballgewënn am géignereschen Drëttel provozéieren.
Fazit
Eng héichverdéngte Victoire an eng insgesamt ganz positiv Equipeleeschtung. Mir hunn eis Trainingsinhalter gutt ëmgesat, vill Beweegung gewisen a virum Gol konsequent agéiert.
Déi 11 geschossene Goler an de Gol no engem Corner si besonnesch positiv.
Trotz dem däitleche Resultat bleiwe Spillverlagerungen, Entscheedungsqualitéit an héicht Pressing eis wichtegst Verbesserungspunkten.
Verdéngt gewonnen, eppes fir d'Goaldifferenz gemaach – elo weider un eisen Detailer schaffen!