FC Sporting Mertzig - Gegner

dim, 30 août 2026, 14:00
Gegner - FC Sporting Mertzig
14:00 - 16:00 dimanche 30. août
3
:
3
Match amical: Titus Pétange - Mertzig

Eis Equipe ass gutt an de Match komm an huet vun Ufank u probéiert, de Ball lafen ze loossen an d'Spill propper opzebauen. Pétange huet héich gepresst a probéiert, eis am Opbau zu Feeler ze zwéngen.


An der 19. Minutt si mir a Féierung gaangen. Den Dylan konnt sech staark am Strofraum duerchsetzen an huet de Ball op de Jonah gespillt, deen zum 0:1 ofgeschloss huet. Nëmmen zwou Minutte méi spéit huet Pétange no engem Mëssverständnis bei engem Réckpass tëscht eiser Defense an dem Golkipp zum 1:1 ausgeglach.

Duerno war de Match relativ ausgeglach. An der 30. Minutt huet de Rodrigo eng schéin Flank op den zweete Potteau gespillt, wou de Yan richteg stoung an eis nees mat 1:2 a Féierung bruecht huet.

An der éischter Hallschent hu mir insgesamt eng gutt Leeschtung gewisen. Heiansdo ware mir nom Ballgewënn nach ze hektesch a wollten ze séier no vir spillen, amplaz de Ball ze sécheren an nees roueg opzebauen. D'Agressivitéit an den Asaz waren awer gutt.

No der Paus hu mir e bëssen d'Ordnung verluer. D'Positionement huet net méi ëmmer gestëmmt an esou konnt Pétange an der 49. Minutt zum 2:2 ausgläichen.

An der 71. Minutt hu mir eng gutt Ëmschaltsituatioun genotzt: den Tim gewënnt de Ball am Mëttelfeld a spillt direkt an d'Déift op den Dylan, deen mat engem stramme Schoss den 2:3 markéiert.

An der Schlussphas huet een ëmmer méi gemierkt, datt d'Kräften nogelooss hunn. Mat dräi Ersatzspiller, déi blesséiert hu missen eraus, hate mir kaum nach Méiglechkeeten, frësch Kräften ze bréngen. Pétange huet ëmmer méi Drock gemaach a konnt schlussendlech an der 90.+1 Minutt zum 3:3 ausgläichen.


Fazit: Eng gutt éischt Hallschent an eng méi schwéier zweet, an där eis d'Ordnung an zum Schluss och d'Kräfte gefeelt hunn. Fir eisen 2. Testmatch, mat nach 5 Spiller an der Vakanz, war et insgesamt eng uerdentlech Leeschtung. Mir hunn dräimol a Féierung geleeën a scho vill gutt Saache gewisen, wëssen awer och, wou mir déi nächst Wochen nach musse schaffen. 💪⚽

Mi-temps
19'
Goal_1
Jonah SCHEUER 0-1
But
Dylan PEREIRA RIBEIRO
1-1
But
Goal_1
21'
30'
Goal_1
Yan DA COSTA SOUSA 1-2
But
Rodrigo GOMES LEAL
Mi-temps
2-2
But
Goal_1
49'
71'
Goal_1
Dylan PEREIRA RIBEIRO 2-3
But
Tim PAQUET
3-3
But
Goal_1
91'
9177

Prêt à commencer ?

Découvrez sportmember ou créez un compte dès maintenant pour commencer la gestion sportive de votre club ou association. Et si besoin, contactez-nous, on sera ravis de vous aider à démarrer !
Combien ça coûte ?
Quels sont les besoins de votre club ? Abonnement Basique ou PRO ?
Prix
Aperçu des fonctions
Il n’y a pas deux clubs identiques — notre logiciel de gestion sportive s’adapte à chaque association
Aperçu des fonctions